
Ënnert der Leedung vun der Marie-Claude Beaud, huet de Mudam den 2. Juli 2006 seng Dieren opgemaach. Mëttlerweil sinn 20 Joer vergaangen an deene vill geschitt ass. Bis haut ass de Musée virun allem fir seng aussergewéinlech Architektur bekannt, déi de chineesesch-amerikaneschen Architekt Ieoh Ming Pei designt huet.
Ma awer och eng sëlleg Ausstellungen, déi iwwert déi lescht 2 Joerzéngten am Mudam gewise goufen, zielen zu der Geschicht vum Haus a maachen de Musée zu deem, wat en ass. Déi aktuell Direktesch Bettina Steinbrügge huet eng kloer Visioun fir de Mudam:
„Es ist uns wichtig, dass wir in der Programmierung auch viele internationale Poitionen reinbringen, sie aber mit Luxemburg positionieren. Also, was ist Luxemburg eigentlich für ein Land, was ist wichtig für die Menschen hier und wie können wir das Internationale und das Lokale hier zusammen bringen, damit es einfach auch Sinn macht?“
Schonn dat ganzt Joer iwwer organiséiert de Mudam am Kader vu sengem 20. Gebuertsdag verschidde besonnesch Aktivitéiten. En Donneschden ass deen tatsächleche Gebuertsdag vum moderne Konschtmusée an dofir gëtt elo knapp eng Woch laang ganz intensiv gefeiert.
Och de Konschtforum Casino an der Stad feiert dëst Joer e ronne Gebuertsdag, hei ass et deen 30. En Donneschde läit de Fokus dofir op enger gedeelter Programmatioun tëschent deenen zwee Haiser. Owes kann een am Casino eng table ronde mam Titel „The fluidity of the collective“ iwwer Lëtzebuerger Kënschtlerkollektiver lauschteren.
Freides steet den Highlight vun dëser Gebuertsdagswoch um Programm. Hei kann een op der offizieller Gebuertsdagsparty am a ronderëm de Mudam bis 1 Auer an der Nuecht feieren. Mat dobäi sinn international, wéi och national Këneschtler, wéi Black Thunder, Maeve Moayedi, Katy De Jesus, oder Courtesy. Lass geet et um 17:30 a virdru kritt ee scho mat sougenannten „Artist talks“, oder der „Lunchtime at Mudam“, esou wéi enger Performance vum Marco Godinho gewise, wat de Mudam alles ze bidden huet.
Samschdes ass den Dag fir d’Kanner. Hei kommen déi kleng mat enger Rei guidéiert Visitten vu Kanner aus der Bëschklass Belair op hir Käschten a kréien déi aktuell Ausstellungen op eng spilleresch Manéier erkläert. Natierlech dierfen och Erwuessener bei dësen Toure matmaachen. Donieft presentéiert de Mike Bourscheid am Nomëtten en Handpoppentheater.
De Sonnden ass och voll gepaakt mat verschiddenen Aktivitéiten, den Highlight ass hei eng Gespréichsronn mat der Responsabel vum Mudam senger Kollektioun, Marie-Noëlle Farcy, déi mat de Leit an d’Welt vun den Archiven andaucht. Dat ganz am Stil vun der neister Ausstellung am Mudam, „Video Killed the Radio Star“, iwwert 1980er Joren an hire kulturellen Afloss op haut. De Chef vum Departement public, António Mendes:
„On a essayée de concentrer bien toute cette programmation, pour célébrer avec les artistes locaux, la scène internationale, d’autres institutions avec lesquelles on collabore. Donc, c’est bien ça qu’on a essayé de mettre en place, un programme qui parle toutes les langues, un programme qui parle pour toutes les âges et un programme qui est effectivement très attractif pour tout le public luxembourgeois.“
Vum 1. bis 5. Juli ass d’Gebuertsdagsprogrammatioun vum Mudam ze erliewen. Den Entrée an de Musée ass wärend dësen Deeg gratis, just fir verschidden Aktivitéite muss ee sech am Viraus umellen. Weider Informatioune fannt Dir hei.