Neien Album "State of Mind"De Quartett Philharmonie mam Gilles Grethen

RTL Lëtzebuerg
Den Jazz Club Philharmonie bitt och ëmmer rëm Lëtzebuerger Museker eng Plaz, fir sech beim Public Gehéier ze verschafen.
De Quartett Philharmonie mam Gilles Grethen
Den Jazz Club Philharmonie bitt och ëmmer rëm Lëtzebuerger Museker eng Plaz, fir sech beim Public Gehéier ze verschafen.

Dat war e Mëttwoch den Owend de Fall fir de Gilles Grethen mat sengem Quartett. Stécker aus deem leschten Album vum Quartett stoungen um Programm. Den Album heescht “State of mind”.

Den Zaubertrank fir d’Ouere besteet fir d’Zutaten haaptsächlech aus den Nouten, déi de Gilles Grethen erfënnt a mixt a mat senge Musekerkolleegen virdréit. De Gilles Grethen komponéiert um lafende Band. En etlech vu senge Stécker paken et dann op en Album an anerer net oder réischt mi spéit op en aneren Album.

“State of mind” si Séilenzoustänn, si soen, wéi et engem grad sou geet. E puer Stécker stame nach aus der Lock down-Zäit. Et gi freedeg oder traureg oder hoffnungsvoll Zoustänn beschriwwen. De Gilles Grethen léisst sech drop an, fir seng Gedanken, Gefiller, an Nouten ëmzesetzen an déi fir d’éischt mat senge Musekskollegen ze testen, ier de Public dierf dran andauchen.

Live-Opname ginn de Stécker nach mol eng aner Nues, well an Interaktioun mam Public e Plus entsteet, deen am Studio net méiglech ass. D’Stécker ginn oft vu Melodie gedroen, déi da vu komplexe Jazzstrukturen ënnerwandert ginn, fir an mystesche Welten en anert Liewe weider ze féieren.

Back to Top
CIM LOGO