Bekannt duerch d’Tëlee a sëlleg Komedie-Showen huet hien och hei nees de Public mat sengem aktuelle Programm “Schmitzefrei” a sengem Humor begeeschtert. Hien ass Acteur, Komedien a Museker, fir just e puer vu sengen Talenter z’ernimmen .
Mee wéi ass de Ralf drop komm, op Lëtzebuerg ze kommen? Op wat baut hie seng Showen op a wat si seng Zukunftspläng? De Philippe Dondelinger hat d’Méiglechkeet, de Ralf am Virfeld vu senger Show an der Bar op senger Bün ze treffen. Rauskoum e méi wéi lëschtegt Gespréich.
Iwwregens, fläisseg Lëtzebuergesch hat de Ralf Schmitz scho Woche am Viraus fläisseg geüübt an hat do scho fir deen een oder anere Schmunzeler gesuergt.