
Den US-amerikanesche Filmregisseur a Produzent John Singleton ass onerwaart am Alter vu nëmmen 51 Joer gestuerwen. Dat huet seng Famill bekannt ginn. Eréischt virun zwou Wochen hat hien ee Schlag gemaach a gouf doropshin an de kënschtleche Koma geluecht. Seng Famill huet gëscht decidéiert, d'Maschinnen, déi den John Singleton nach um Liewe gehalen hunn, ofzeschalten.
Hien ass virun allem fir Filmer wéi "2 Fast 2 Furious", "51" an "Atemlos" bekannt gewiescht. De Regisseur war eréischt 22 Joer al, wéi hien den Teenager Drama Boyz n the Hood mat Schauspiller wéi Angela Bassett, Laurence Fishburne an Cuba Gooding Jr gedréit hat.
Hie wier friddlech ageschlof, am Krees vu senger Famill a senge Frënn, heescht et an engem Communiqué, deen amerikanesch Medie publizéiert hunn.