LuxFilmFestDe Regisseur, Schauspiller a Museker Viggo Mortensen war zu Lëtzebuerg

Patricia Baum
Déi 14. Editioun vum LuxFilmFest ass e Sonndegowend op en Enn gaangen. Eng Editioun, déi och dëst Joer erëm e grousse Succès war.
LuxFilmFest
De Regisseur, Schauspiller a Museker Viggo Mortensen war zu Lëtzebuerg.

123 Filmer sinn iwwert déi 10 Deeg vum Festival gewise ginn a bal 20.000 Visiteure sinn an d’Kinoe gaangen. Och den Nieweprogramm war grouss, vu Masterclassen bis Workshoppen an Ausstellungen. An dëst Joer gouf et och eng rëtsch prominent Gesichter aus der internationaler Filmzeen, déi de Wee op Lëtzebuerg fonnt hunn.

De Wang Bing, de Gaspar Noé, d’Vicky Krieps, de Sebastian Koch, an an an. D’Lëscht vun de bekannte Filmemaacher um LuxFilmFest war dëst Joer grouss. Een dovunner war den amerikanesch-dänesche Regisseur, Schauspiller a Museker Viggo Mortensen. E Samschdegowend krut hien en Éierepräis am Kinepolis iwwerreecht.

Spéitstens zanter senger Roll als Aragorn an “The Lord of the Rings” ass de Viggo Mortensen weltwäit bekannt. Ma och am Oscar priméierte Film “Green Book” huet hie matgespillt. Seng Filmographie als Schauspiller ass grouss, ma de Viggo Mortensen ass och Regisseur, Auteur a Museker a war am Kader vum LuxFilmFest hei zu Lëtzebuerg, fir säin neie Film “The Dead don’t hurt” virzestellen.

E Western, an deem hien d’Regie gemaach huet, de Skript geschriwwen huet an d’Filmmusek komponéiert huet. Et ass eng Libesgeschicht, déi am 19. Joerhonnert spillt, an der Period vum amerikanesche Biergerkrich.

D’Haaptroll spillt d’Lëtzebuerger Schauspillerin Vicky Krieps. Eng Roll, déi si vum Viggo Mortensen ugebuede krut. An och si war e Samschdegowend present, engersäits wéinst dem Film, ma anerersäits awer och, well si dëst Joer Deel vun der internationaler Jury war.

De Jury ass Deel vun all Filmfestival a kuckt sech d’Filmer aus der offizieller Competitioun un an designéiert zum Schluss de Gewënnerfilm. Och den däitsche Schauspiller Sebastian Koch, bekannt aus dem Film “Das Leben der Anderen” war Deel vun der Jury.

E Filmfestival ass eng Form vu Communautéit, wou Filmemaacher aus der ganzer Welt hir Filmer weise kënnen. Et ass och eng Form vun Distributioun, wou een an Zäite vu Streaming, d’Aarbecht vum Film a Kino valoriséiert. Den Ira Sachs, President vun der Jury, a selwer Filmemaacher, kennt d’Erausfuerderunge vun haut, ma betount awer och d’Noutwennegkeet vun de Filmfestivallen.

“Soubal e Film eraus ass, gehéiert e mir net méi”, sot de Viggo Mortensen. E Film lieft duerch d’Perspektiven a Gedankegäng vum Publikum weider.

De LuxFilmFest 2024 war e grousse Succès. Rendez-vous ass dann erëm nächst Joer fir de 15. Gebuertsdag vum Lëtzebuerger Filmfestival.

Back to Top
CIM LOGO