Am Kader vun der Serie "Kuerz a Knackeg" weise mir Iech dës Woch de Film "Sniper" vum Pol Cruchten. De Regisseur, Zenarist a Produzent war e Cinephil mat Läif a Séil. Am Art Eck kucke mir nach eng Kéier zréck op seng Karriär an dorop, wéi de Pol Cruchten der Lëtzebuerger Filmindustrie d'Kannerschong ausgedoen huet.