Visite guidée duerch d'StadDe reliéisen Afloss op déi lëtzebuergesch Architektur

RTL Lëtzebuerg
An Zesummenaarbecht mam Musée National d'Histoire et d'Art an mam Musée Dräi Eechele proposéiert de Robert Philippart eng Partie Visites guidées.
De reliéisen Afloss op déi lëtzebuergesch Architektur
An Zesummenaarbecht mam Musée National d’Histoire et d’Art an mam Musée Dräi Eechele proposéiert de Robert Philippart eng Partie Visites guidées.

Den Historiker féiert d’Leit duerch d’Stad a geet dobäi zum Beispill op d’Architektur vun de leschte Joerhonnerten an.

Zanter 2008 bitt de Robert Philippart dës Féierungen un. De Sujet variéiert vu Mount zu Mount. E Sonndeg goung et ëm de reliéisen Afloss op déi lëtzebuergesch Architektur an der Stad.

“Et ass eng ganz flott Promenade an dem Sënn, dass se kuckt wéi am 19. Joerhonnert Protestantismus, Judaismus an Katholizismus am ëffentleche Raum zesumme mat de Valeure vun der franséischer Revolutioun konnte liewen, also eng ganz spannend Visitt.”

D’Visitt huet de Grupp ënnert anerem an d’Alstad gefouert, awer och zum Centre Pescatore goufen et interessant Anekdoten.

Trotz dem Reen an der Keelt war souwuel de Grupp wéi och de Robert Philippart mat vill Freed dobäi.

“Ech hunn zënter dass ech 17 Joer al sinn déi grouss Passioun, fir d’Geschicht a fir besonnesch d’Stad Lëtzebuerg an där hir Entwécklung iwwer déi leschten 200 Joer an deene verschiddenen Deeler vun der Stad, an dat ass meng grouss Passioun. Wat mir Freed mécht ass, dass ech déi Freed an déi Passioun ka mat anere Leit deelen, déi sech genee sou doriwwer freeën. Dat ass en immens schéint Gefill.”

Tëscht 90 Minutten an 2 Stonnen dauert dës Visite guidée, déi fir d’Participanten näischt kascht. Den Tour iwwert d’Roll vun de Reliounen an der Architektur gëtt den nächste Sonndeg nach eng Kéier ugebueden. Et soll ee sech awer iwwert den Internetsite vum Musée Dräi Eechelen umellen. Duerch déi aktuell Restriktiounen ass de Grupp nämlech op 10 Persoune begrenzt.

Back to Top
CIM LOGO