Mol an abstrakter, Mol a figurativer Form, de Rol Steimes beschäftegt sech a senger Molerei mat Natur- an Industrielandschaften an experimentéiert dobäi mat deene verschiddenste Matièren an Techniken. Hie gëtt eis en Abléck a säin Alldag.
Donieft ware mir eis op Diddeleng d‘Ausstellung “Traces of Time” vum Wiener Kënschtler Kay Walkowiak ukucken a mir hunn d’Musekerin C’est Karma getraff, déi am September hiren alleréischten Album erausbruecht huet.