D’Ouverture gouf vum “Ech-Jo” iwwerholl a bëssi spéider hunn ënner anerem de “Waztoo” an “Nosi” d’Stëmmung héich gehalen. Ofgeronnt gouf d’Soirée du mat Beats vum “Laura van Dam” oder awer och dem “Nifra”.

D’Wieder huet sech duerch an duerch vu senger gudder Säit gewisen, an dat huet een och un dem gutt gefëllte Festival-Site gesi.

Fäerdeg ass et awer nach net ganz, well och um Sonndeg spillt d’Wieder mat, an et huet een nach eng Kéier d’Geleeënheet divers Kënschtler an Aktioun ze gesi. “Serge Tonnar Trio” a “Schëppe Siwen” verspriechen den e-Lake 2025 ofzeronnen.