
Hien huet ënnert anerem a Filmer wéi dem Quentin Tarantino sengem “Jackie Brown"oder dem Batman-Film “The Dark Knight” matgespillt. An de spéiden 80er Joren hat hie Fouss an der Film-Branche gefaasst, 1989 hat seng Karriär als Wrestler ugefaangen.
Seng wuel bekanntste Roll war déi vum Deebo aus de Filmer “Friday” (1995) an “Next Friday” (2000), an deenen hien un der Säit vum Ice Cube gespillt huet. Op Instagram huet de Rapper sech zu Wuert gemellt. “Merci, dass du am Häerz e gudde Kärel waars. Ech vermëssen dech elo schonn.” Ausserdeem wier hien en “gebuerenen Entertainer gewiescht”.
Bis ewell goufen nach keng Detailer iwwert d’Doudesursaach matgedeelt. Et ginn den Ament allerdéngs Rumeuren, dass seng Corona-Infektioun kéint am Zesummenhang mat sengem Doud stoen. Vu senger Managerin heescht et, dass hie sech soll erholl gehat hunn, ma virun enger Woch wier den Tommy Lister op en Neits krank ginn an hätt mat Otemproblemer ze kämpfe gehat.