
De Stater Kënschtler Steve Kaspar ass e Méindeg relativ onerwaart gestuerwen. Hie gouf 68 Joer al.
Zënter Enn de 90er Joren huet de Steve Kaspar virun allem mat Video, audiovisuellen Installatiounen a Klangkompositioune geschafft. Ënnert anerem huet hie Concerten a Performance-Optrëtter gemaach a mat Kënschtler wéi dem Yuko Kominami, dem Ensembel United Instruments of Lucilin oder dem Cellist André Mergenthaler zesummegeschafft.
Ee vu senge leschte gréisseren Optrëtter war den 30. Januar an der Kulturfabrik, hei war hien als Support Act virun der weltbekannter Drone-Formatioun “Sunn O)))” opgetrueden.