LuxFilmFestDe Viggo Mortensen stellt e Samschdeg säi Film "The Dead Don’t Hurt" vir

Patricia Baum
Am Kader vum LuxFilmFest ginn et dëst Joer erëm eng sëlleg bekannten Invitéen aus der internationaler Filmwelt, déi de Wee op Lëtzebuerg fonnt hunn.
De Viggo Mortensen stellt e Samschdeg säi Film "The Dead don’t hurt" vir
Am Kader vum LuxFilmFest ginn et dëst Joer erëm eng sëlleg bekannten Invitéen aus der internationaler Filmwelt, déi de Wee op Lëtzebuerg fonnt hunn.

De Filmfestival bitt ënner anerem d’Méiglechkeet, Filmer ze weisen, ier se am Kino ulafen. Esou och am Fall vum Viggo Mortensen, deen e Samschdeg den Owend säin neie Film “The Dead Don’t Hurt” fir déi éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg weist.

De grousse kommerziellen Erfolleg koum fir de Viggo Mortensen mat senger Roll als “Aragorn” an der Filmtrilogie “The Lord of the Rings” . De Viggo Mortensen ass en Allrounder. Niewent der Schauspillerei ass hien nämlech och Regisseur, Museker an Auteur. Beräicher, déi hien a sengem neie Film “The Dead Don’t Hurt” alleguer bedéngt. E Western, deen am 19. Joerhonnert spillt, an der Zäit vum amerikanesche Biergerkrich.

D’Fra am Zentrum vun der Geschicht ass d’Vivienne, déi vun der Lëtzebuerger Schauspillerin Vicky Krieps gespillt gëtt. “The Dead Don’t Hurt” ass en Drama, eng Libesgeschicht, wou den Holger an de Krich zitt an d’Vivienne zréckbleift.

Och d’Musek vum Film huet de Viggo Mortensen selwer komponéiert. D’Musek war scho virum Tournage fäerdeg, wat fir de Rhythmus vum Film wichteg war.

E Samschdeg den Owend gëtt den neie Film vum Viggo Mortensen am Kader vum LuxFilmFest gewisen, ma “The Dead Don’t Hurt” wäert dann och am Mee an d’Kinoe kommen.

Back to Top
CIM LOGO