
Elo verléisst den US-Schauspiller als Konsequenz vu senger Aktioun d’Academy of Motion Picture Arts and Sciences. Dat huet den 53 Joer ale Will Smith an der Nuecht op e Samschdeg bekannt gemaach.
Hien hat leschte Sonndeg den Oscar fir de beschte Schauspiller kritt, fir seng Roll als Papp vum Serena a Venus Williams am Film King Richard. Kuerz iert hien de Präis krut, huet den Acteur wärend der Zeremonie dem Moderator Chris Rock eng op de Bak ginn. De Komedien hat en offällege Witz iwwert d’Jada Pinkett gemaach, dem Will Smith seng Fra. Säi Behuelen op der Präisiwwerreechung wier “schockéierend, schmäerzhaft an net z’excuséieren” gewiescht, esou de Will Smith an engem Statement. Hie géing och méiglech weider Schrëtt vun der Filmakademie acceptéieren. Dës hat eng disziplinär Prozedur an d’Weeër geleet.