Expo vun ZwillingenDe Wouter an de Joachim Van der Vlugt hunn e gemeinsame Sujet fonnt

RTL Lëtzebuerg
D’Zwillingsbridder Wouter a Joachim Van der Vlugt, allebéid Kënschtler, hu schonn zënter sëllege Joren net méi zesummen ausgestallt.
"Roots": De Wouter an de Joachim Van der Vlugt hunn e gemeinsame Sujet fonnt.
D’Zwillingsbridder Wouter a Joachim Van der Vlugt, allebéid Kënschtler, hu schonn zënter sëllege Joren net méi zesummen ausgestallt.

Deen ee Sculpteur, deen aner Moler, hunn awer elo ee gemeinsaamt Thema fonnt, d’Beem.

D’Ausstellung mam Titel «Roots» an der Galerie Fellner weist, wéi de Bridder hir Wierker niewenteneen harmonéieren a wierken.

Wéini di leschte gemeinsam Ausstellung war, dat kënne se net méi sou richteg soen, sou laang ass et hier. Mee dass d’Expo «Roots» elo entstanen ass, war wéi eng Evidenz. De Joachim an de Wouter Van der Vlugt schaffen allebéid am 6th Floor, engem Kënschtleratelier zu Käerch a gesi sech sou quasi all Dag.

D’Resultater vun hiren Aarbechte sinn natierlech ganz ënnerschiddlech, eleng vun der Matière hier, ma och inhaltlech huet jidderee säin eegene Propos.

D’Thema vun de Wuerzele gëtt hei och op e puer Manéieren traitéiert. De Wouter schafft direkt mam Holz, souzesoe mat der Matière première. De Joachim representéiert op sengen Ueleg-Toillen atmosphäresch Welten, di deels un Dreem erënneren. Fir hie geet et awer net nëmmen em d’Verwuerzlung vun de Beem.

D’Expo «Roots» an der Galerie Fellner kann een nach bis de 6. Abrëll kucke goen. Et kann een hoffen, datt een op di nächste gemeinsam Ausstellung net erëm Jore muss waarden.

Back to Top
CIM LOGO