Vun 103 Videoe goufe 16 Jonker tëscht 11 a 16 Joer mat grousse Stëmmen a groussen Ambitiounen aus Lëtzebuerg ausgewielt, fir virun Honnerte vu Leit op der Bün ze stoen an ze weisen, wat se am Coaching an de leschte Woche geléiert hunn. An hinnen un der Säit stoung keen anert wéi d’LSC-Gewënnerin vun 2023, d’Tali. Déi 25 Joer jonk Artistin konnt sech zanter hirem Optrëtt beim Eurovision Song Contest eng professionell Karriär als Sängerin opbauen a gëtt elo hir Passioun an hiert Wësse weider un déi nei Generatioun.
Fir déi zweete Kéier organiséiert d’Rockhal dëse Concert elo schonn. Am Kader vum Luxembourg Song Contest wëll een de klenge Stäre vu muer eng éischt Experienz op der Bün ginn an dofir kréie se am Virfeld schonn de Coaching.
Dëst Joer awer nei: et gëtt eng Schlussperformance, wou se alleguer zesumme mam Laura Thorn op der Bün stinn an d’ESC-Lidd “La poupée monte le son” sangen. Dofir gouf am Virfeld och scho fläisseg trainéiert an d’Laura huet sech den EDSUN mat an d’Boot geholl, fir mat der Performance ze hëllefen.
Dat heite wier eng immens Opportunitéit fir déi Jonk, dat betount och d’Tali: “Et kléngt sou einfach, mee wat ee méi dacks op der Bün steet, wat ee manner nervös ass. Dat heiten ass en immensen Ausgangspunkt. Wéi ech kleng war, war ech dat Eenzegt a menger Schoul, dat Sängerin wollt sinn. Jiddereen huet eppes anescht gemaach. Eppes méi Seriöes, wéi ee géif soen. Ech hu mech richteg schwéier gedoen, esou Opportunitéite wéi déi heiten ze fannen. Et ass super, dass de Rocklab dat op d’Been stellt, fir, dass een op d’Bün kënnt an an d’kaalt Waasser geheit gëtt. Et ass e super Start!”