
Zënter 1986 organiséiert d'Cinemathéik all Joer Concerten dobaussen. De City Open Air Cinema, wéi e mëttlerweil genannt gëtt, feiert dëst Joer seng 40. Editioun. De Festival gouf schonn op ville verschiddene Platzen ofgehalen, sieft et am Haff beim Kapuzinertheater, virum Palais, oder um Glacis.
Schonn zanter e puer Joer huet sech de Festival um Knuedler niddergelooss. Nei dobäi kënnt dës Kéier d'Place Léon XIII zu Bouneweg. D'Filmer ginn ëmmer an der Originalversioun mat Franséischen oder Engleschen Ënnertitel gewisen.
Hei deen offizielle Programm vum City Open Air Cinema:
23.07: Romeo + Juliet (1996)
24.07: The NeverEnding Story (1984)
25.07: Niagara (1953)
26.07: Open Air LIVE : The General (1926)
27.07: Whiplash (2006)
28.07: Little Miss Sunshine (2014)
06.08: La Boum (1980)
07.08: Lola Rennt (1998)
08.08: Roman Holiday (1953)
Den Entrée op de City Open Air Cinema ass wéi gewinnt gratis. D'Filmer fänken ëmmer géint 21:30h um Knuedler an 21:15 zu Bouneweg un. Den Accueil mat Apero geet ronn eng Stonn virdrun un. Dee komplette Programm mat enger detailléierter Beschreiwung vun all Film a weider Informatioune fannt Dir op www.cinematheque.lu