
D’Heide Keller huet 38 Joer d’Roll vun der Chefstewardess Beatrice an der Serie “Traumschiff” gespillt. Nodeems si Schauspillkonscht studéiert huet, ass si op verschiddenen Theaterbünen opgetrueden, éier si 1981 eng Plaz bei der däitscher Kultserie krut. De leschten Optrëtt u Bord vum “Traumschiff” hat si 2018 an der 80. Episod. Sou laang hätt nach keng aner Schauspillerin eng vergläichbar Roll verkierpert.
Doniewent huet d’Schauspillerin an 2 “Rosamunde Pilcher"-Filmer sou wéi an engem Film vum “Tatort” matgespillt.