Et ass de Géigendeel vum Congé annuel: D’Congés annulés bidden all Summer zanter bal zwee Joerzéngten e gefëllte Programm mat deenen ënnerschiddlechste Concerten un. Zwou Woche lafe se elo an et gouf an där Zäit och schonn deen een oder aneren Highlight.
Nieft deem typesche Concertsprogramm, dee wärend de Congés annulés ugebuede gëtt, kann een awer och soss all Dag vun 18 Auer owes u gemittlech mat Frënn oder der Famill dobausse sëtzen.
A wéi soll et anescht sinn och nach déi nächste Wochen geet et villfälteg bei de Rotonde weider an dat net nëmme mat Musek.
Wie sech also a senger Summervakanz doheem langweilt, kann nach bis den 21. August op ee vun de ville Concerten an aneren Events an d’Rotonde kommen.