Christie'sDem Andy Warhol säi Marilyn-Monroe-Portrait soll versteet ginn

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Auktiounshaus Christie's wësse gedoen huet, kënnt de berüümte Portrait vun der Hollywood-Legend vum Pop-Art-Kënschtler Andy Warhol ënnert den Hummer.
© AFP Archivbild

D’Wierk gëtt op 200 Milliounen Dollar - ëmgerechent ronn 1818 Milliounen Euro - geschat. Dat kéint et zum deierste jeemools versteete Konschtwierk aus dem 20. Joerhonnert maachen, sou Christie’s. Dat 1964 entstanent Bild “Shot Sage Blue Marilyn” soll am Mee ënnert den Hummer kommen.

Et handelt sech ëm “eent vun de seelensten an aussergewéinlechste Biller, déi et gëtt.” Dem Andy Warhol säi Marilyn ass den absolutten Héichpunkt vum American Pop an d’Versprieche vum amerikaneschen Dram, dat Optimismus, Zerbriechlechkeet, Berüümtheet an Ikonographie a sech vereent”, sou den Alex Rotter, Chef vum Departement fir Konscht vum 20. an 1. Joerhonnert bei Christie’s.

Back to Top
CIM LOGO