
Dem Frontmann vun Nirvana seng blo Fender Mustang vun 1969 ass Deel vun enger riseger Sammlung, déi dem fréiere Besëtzer vun der NFL-Ekipp Indianapolis Colts Jim Irsay gehéiert huet, deen dëst Joer gestuerwen ass. Déi ganz Kollektioun u musikaleschen Erënnerungsstécker soll méi wéi eng Milliard US-Dollar wäert sinn.
D’Instrument, op deem Musek fir eng ganz Generatioun gemaach ginn ass, wäert am nächste Mäerz bei Christie’s ënnert den Hummer kommen. Et gëtt geschat, dass de Präis tëscht 2,5 a 5 Milliounen US-Dollar wäert leien. D’Stee wäert an de Galerië vum Rockefeller Plaza zu New York ofgehale ginn. 2022 hat den Irsay 4,6 Milliounen US-Dollar fir déi faméis Gittar bezuelt a se domat zur deierster elektrescher Gittar vun der Welt gemaach.
Den Zoustand vum Instrument kann een als “gebraucht” bezeechnen, mat sëllege Schréipsen an Téitschen. Et soll eng vum Cobain senge Liblingsgittare gewiescht sinn. Hien hat se net just am faméise “Smells like teen spirit"-Video, mä och wärend de Studioopname fir d’Nirvana-Albumen “Nevermind” an “In Utero” benotzt.
En Deel vum Erléis soll karitativen Zwecker zoukommen.