676.000 Follower op YouTubeDen 12 Joer jonke Kënschtler "Arty D" hat seng éischt Ausstellung

Philippe Dondelinger
Viru knapp engem Joer stounge mer niewent dem Lëtzebuerger Youtuber Arty D an hunn him beim Zeechnen nogekuckt.
Den 12 Joer jonke Kënschtler "Arty D" hat seng éischt Ausstellung
Viru knapp engem Joer stounge mer niewent dem Lëtzebuerger Youtuber Arty D, an hunn him beim Zeechnen nogekuckt.

Den 12 Joer jonken Dennis hat deemools schonn iwwer 100.000 u Follower, ma haut sinn et der 676.000. Hie begeeschtert seng Follower, andeems hie seng Biller mat engem Stëft zerstéiert a se dann nees mat “Doodles”, wéi een dat nennt, nees verschéinert. Seng Videoe ginn elo scho bis zu 14 Millioune Mol gekuckt.

Näischt war esou richteg geplangt beim Denis, weder säi Youtube-Kanal, nach seng Follower a scho guer net eng Ausstellung vu senge Wierker. An déi gouf et awer elo zu Bartreng an der Maison Schauwenburg. D’Gemeng war op hien opmierksam ginn a bitt gären deene jonken Artisten eng Plattform u fir hir Konscht auszestellen.Den Arty D iwwregens war méi wéi erstaunt ewéi en 38 Biller vu senge ganzer 50 op dem Vernissage verkaf huet.

Back to Top
CIM LOGO