
Fir eng Liesung am Kasemattentheater war den däitschen Acteur Herbert Knaup vrun zwou Wochen zu Lëtzebuerg. Et war net seng éischt Aarbecht am Land, virun e puer Joer huet en hei seng éischt Regie am Theater gemaach.
Bekannt ass den Herbert Knaup engem gréissere Publikum duerch seng Rollen a verschiddene Filmer, awer och Serien op der däitscher Tëlee.
Hie kann dobäi gutt tëscht trageschen a komesche Rollen hin- an hierswitchen.
Den däitschen Acteur Herbert Knaup
Viru senger Liesung hat e sech Zäit geholl fir e Kaffi um Knuedler an huet dem Christiane Kremer am Interview méi erzielt iwwer de Beruff vum Schauspiller, iwwer d’Begeeschterung fir Musek an säin Schülergedicht “Der Staubsauger”.
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
