
Den 17. September gëtt am Kapuzinertheater - zesumme mam neigeschafenen Theaterpräis - och den Danzpräis iwwerreecht. Dat ass schonn déi 6. Editioun vum Präis mat deem eng Dänzerin oder en Dänzer ausgezeechent gëtt. Den Danz huet sech an de leschte Jore ganz besonnesch zu Lëtzebuerg entwéckelt, ëmmer méi Jonker probéieren hire Wee an d’Professionalitéit.
En éischte wichtege Kontakt ass do de Centre de Création Choréographique - kuerz 3CL - an der Banannefabrik zu Bouneweg. Geleet gëtt dee vum Bernard Baumgarten, selwer e passionéierten Dänzer a Choreograph, deen no enger internationaler Karriär 2007 zeréck op Lëtzebuerg komm.
Iwwer dat, wat den Ament an der Lëtzebuerger Danzzeen geschitt a wéi ee sech mat dëser kierperlecher Konschtform aus der Corona-Kris erausgedanzt huet, huet sech d’Christiane Kremer mat him ënnerhalen, awer och iwwer Banannen, iwwer de Film “Fame” an iwwer Walzdanzen.
De Choreograph an Direkter vum 3CL Bernard Baumgarten
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
