
Mat der Verëffentlechung vu sengem neien Album “Millenium Symphony” huet den David Garrett annoncéiert, am Joer 2025 op Welt-Tournée ze goen. Dat ass d’Resultat vun enger neier Zesummenaarbecht mat der US-Entreprise fir Live-Evenementer “Live Nation”, déi d’Concerten organiséiert.
De Violonist wäert mat senger Band a sengem Orchester an Europa ënnert anerem an Däitschland, Éisträich an an der Schwäiz optrieden an domat seng Tournée starten. A sengem neien Album verbënnt hie bekannte Pop-Hits aus de leschte 25 Joer mat sengem klasseschen Instrument. Mat iwwer 5,6 Milliarde Streams a schonn 1.600 gespillte Concerte gehéiert hien zu deene bekanntste Museker a sengem Genre. Dës weltwäit Bekanntheet iwwerdréit den David Garrett elo och rëm op déi international Bünen. Schonn am Joer 2023 hat hie 77 Concerten an 23 verschiddene Länner gespillt.