Michael NaderDen Denver-Clan-Star huet de Kampf géint de Kriibs verluer

RTL Lëtzebuerg
Den US-amerikaneschen Acteur ass no laanger Krankheet am Alter vu 76 Joer gestuerwen.
© Dave Kotinsky / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Wéi seng Fra Jodi Lister Nader e Méindeg dem Sender MFTV matgedeelt huet, wier de Schauspiller bei sech Doheem un de Suitte vu senger Kriibserkrankung verscheet.

Bekannt gouf de Michael Nader duerch seng Roll als Dex Dexter, Frënd vum Alexis Carrington an der Serie “Denver-Clan”. Hien huet an iwwer 150 Follege matgespillt. Donieft stoung hien an der US-Soap “All my Children” virun der Kamera. Ausserdeem hat hien nach e puer Gaaschtrolle bei “The Flash”, “Law & Order: Special Victims Unit” an “Cold Case”.

De Michael Nader hannerléisst eng Fra an eng Duechter.

Back to Top
CIM LOGO