RIPDen Drummer vun de Rolling Stones ass dout

RTL Lëtzebuerg
D'Musekswelt trauert ëm eng Rock-Legend: Den Charlie Watts ass am Alter vun 80 Joer gestuerwen.
© SUZANNE CORDEIRO / AFP

Ugangs dës Mounts huet et vun der Band geheescht, dass si ouni de Batteur géingen op US-Tour goen. Hien hat sech no engem medezineschen Agrëff zwar erholl, mä krut vun den Doktere recommandéiert, op d’Concerten ze verzichten, well e sech erhuele misst.

E puer Woche méi spéit ass den eelste Band-Member vun de Rolling Stones elo verscheet. Hie soll a Géigewaart vu senger Famill friddlech am Spidol ageschlof sinn.

Déi englesch Rockband gouf am Joer 1962 gegrënnt an zielt zu de kommerziell erfollegräichste Bands an der Rockgeschicht. Am Ranking vun der renomméierter Musekszäitschrëft “Rolling Stone” hu si et op Plaz 4 vun den 100 gréisste Museker gepackt. Zu hire bekanntste Lidder zielen ënnert anerem "(I Can’t Get No) Satisfaction”, “Brown Sugar”, “Under My Thumb” a “Paint It, Black”.

Back to Top
CIM LOGO