
Ënnert anerem ginn et kloer Unzeechen, dass de Riddler nees en Optrëtt dierft am neie Batman kréien, dat mam Paul Dano an der Roll. Deemools hat den Jim Carrey deen am Batman Forever gespillt, e grénge Kostüm an de Bengel sinn awer net am neisten Trailer ze gesinn, dofir awer Rätselen déi hannerlooss goufen, dat adresséiert un de Batman, dee jo vum Robert Pattinson gespillt gouf.
Aus dem Trailer ass och erauszeliesen, dass de Batman ufanks zwar mat der Police zesummeschafft. Den James Gordon gëtt hei vum Jeffrey Wright gespillt. Allerdéngs schéngt sech dat awer am Laf vum Film z’änneren. Et gëtt op de Batman geschoss an e flücht souguer virun de Beamten. Eventuell dréit et sech hei jo och ëm korrupt Beamten. Wéi et schéngt, kéint de Riddler am neie Film dann och déif an der Vergaangenheet vum Batman (Bruce Wayne) wullen.
Och kritt een en Abléck an d’Stopp vum Batman, déi awer manner High-Tech ze bidden huet, wéi een dat gewinnt ass, ma et hätt éischter de Look vun enger verloossener U-Bahn-Statioun.
Et schéngt dann och kloer ze sinn, dass d’Selina Kyle, alias Catwoman vum Zoe Kravitz gespillt gëtt.
Virun allem awer ass et de Pinguin (Oswald Cobblepot), dee vum Colin Farrell gespillt gëtt, deen sech dem Batman dierft an de Wee stellen. Wéi et heescht, géif et sech ëm d’Ufanksjoren vum Géigespiller vum Batman spillen. De Colin Farrel ass iwwregens a senger Roll als Pinguin net méi erëm z’erkennen. Ma och den Joker soll awer eng méi oder manner grouss Roll an “The Batman”, ma och an „The Batman 2“ an „The Batman 3“ spillen.
D’Batmobil, dat schonn am Virfeld vum Regisseur Matt Reeves presentéiert gouf, erënnert dës Kéier un e Muscle-Car op Steroiden.
D’Fans mussen sech awer leider nach e gutt Joer gedëllegen, dat nach bis den 30. September 2021.