
Deemno wäert dat Land, dat den ESC gewënnt net méi onbedéngt déi nächst Editioun organiséieren. Notamment am Fall vun engem Krich oder enger geopolitescher schwiereger Lag an deem Land, heescht et vun der EBU. Sollt dat néideg sinn, géif d‘EBU d‘Sécherheetssituatioun vun deem betraffene Land och extern aschätze loossen.
Donieft musse Kënschtler a Kënschtlerinnen, déi beim ESC matmaachen, an Zukunft op d‘mannst 18 Joer al sinn, an net méi 16 wéi bis ewell. Dat fir déi jonk Leit virun deem immensen Drock vum ESC ze schützen.