Mat Lidder wéi “Watcha Say”, “Love, not war” oder esou guer sengem neisten Hit “Spicy Marguerita” hält den amerikanesche Singer/Songwriter Jason Derulo d’Musekswelt zanter Joren op Zack.
Leschten Donneschdeg war hien eng éischte Kéier op Besuch zu Lëtzebuerg. An dat huet Dausende vu Leit an d’Rockhal gezunn.
Ënnert anerem och néng Jonker mat enger Héierschiedegung. Si hunn dierften de Concert op eng ganz besonnesch Aart a Weis materliewen. Eng RTL-Ekipp huet Andréck vun dëser Experienz esou wéi ee Backstage-Interview mam Superstar aus Miami agefaangen.