No Willis a BullockDen Jim Carrey wëll sech aus dem Filmgeschäft zeréckzéien

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun engem Interview fir säin neie Film "Sonic the Hedgehog 2" huet hie gesot, dass hie géif iwwert seng Pensioun nodenken.
© Robyn Beck / AFP

An der leschter Zäit ass den Jim Carrey extrem wéineg a Filmer ze gesi gewiescht, zënter 2011 bis elo hat hien a grad emol 3 Filmer eng Haaptroll. Et kënnt also u sech manner iwwerraschend, dass den Jim Carrey sech aus dem Filmgeschäft géif zeréckzéien.

Am Interview huet hie betount, dass hien eventuell bei engem exzeptionellen Dréibuch géif eng Ausnam maachen, ma dëst wier éischter onwarscheinlech. Hie géif säi spirituellt Liewen a seng Molerei genéissen an hätt genuch gemaach.

Domadder ass hien bannent kuerzer Zäit schonn den 3. grousse Schauspiller aus Hollywood, deen annoncéiert huet, sech aus dem Filmgeschäft zeréckzezéien.
Kuerz nom Skandal tëscht dem Will Smith an dem Chris Rock huet hien dann och zimmlech däitlech wësse gedoen, dass hie schonn zënter méi enger laanger Zäit Hollywood e wéineg de Réck gedréit hätt. Hien huet Hollywood als eng Band ouni Réckgrat genannt.

Back to Top
CIM LOGO