Eurovisioun RéckbléckDen Jimmy Martin war 1993 dobäi, wéi Lëtzebuerg de bis elo leschten Optrëtt hat

Isabelle Henschen
Am Interview erzielt eis de Museker a Komponist, wat et bedeit, beim ESC dobäi ze sinn, gesäit sech 2024 awer net méi op der grousser Bün.
Eurovisioun: En Interview mam Jimmy Martin
1993 war de Komponist a Museker déi bis elo leschte Kéier, wou Lëtzebuerg ugetrueden ass, op der Bün dobäi.

30 Joer ass et hier, dass e Participant fir Lëtzebuerg beim ESC gestart ass. Am Joer 1993 huet d’Band “Modern Times” mam Simone Weis, Jimmy Martin a Patrick Hippert eist Land um ESC zu Dublin vertrueden. D’Lidd “Donne-moi une chance” huet den Jimmy Martin zesumme mam Patrick Hippert komponéiert. Den Jimmy Martin huet eis gezielt, wéi et fir hie war um ESC deelzehuelen.

Eng 15 Leit sinn deemools op Dublin gereest an hunn eng Woch do verbruecht, fir ze prouwen a sech op de groussen Optrëtt virzebereeden. Opwänneg wier et net gewiergt, mä ustrengend schonn. 25 Länner sinn zu Dublin un de Start gaangen a Lëtzebuerg huet sech op der 20. Plaz klasséiert.

Nach emol als Sänger untrieden, huet de Jimmy Martin net wëlles. E Lidd fir den ESC ze komponéieren, kéint hie sech allerdéngs scho virstellen.

Dem Lëtzebuerger Participant vum ESC 2024 wënscht hien “Bonne Chance an dat e soll gutt Nerven dohannen hunn, well et ass awer relativ ustrengend.

RTL iwwerrascht ESC-Fan: Eng Famill, déi bis elo keng Emissioun vum Eurovision Song Contest verpasst huet

Back to Top
CIM LOGO