
Mat der Roll vun der Schwéiermamm vum Elisabeth vun Éisträich-Ungarn goung 2021 e Kandheetsdram vun der Lëtzebuerger Schauspillerin an Erfëllung. Et wier eng genial Erausfuerderung an Éier, d’Mamm vum Franz ze verkierperen. Si wier nämlech e “politesche Mastermind”, sou d’Nosbusch.
Nom grousse Succès vun der éischter Staffel gouf annoncéiert, datt et eng zweet Staffel wäert ginn. Dëse Mount hunn d’Dréiaarbechten ugefaangen. Nieft dem Désirée Nosbusch wäerten och d’Dominique Devenport an de Jannik Schümann nees virun der Kamera stoen.
Nieft der Gebuert vum Sisi a Franz hirem Bouf wäerten och déi politesch Muechtkämpf an Europa thematiséiert ginn an d’Romanz ronderëm de Graf Andrássy, deen et der Keeserin sou richteg ugedoen huet.
Geplangt ass, datt déi zweet Staffel Enn 2022 op RTL+ diffuséiert gëtt.
D’Lëtzebuerger Schauspillerin war rezent och Invitée am Kulturpodcast Podpurri. Lauschtert hei den Episod.