Weltausstellung DubaiD'Expo2020 gëtt ëm 1 Joer no hanne verréckelt

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der Corona-Pandemie gëtt dann och elo d'Weltausstellung zu Dubai verréckelt. Den neie Rendez-vous ass elo vum 1. Oktober 2021 bis 31. Mäerz 2022.

Dat huet den Internationale Büro vun den Ausstellungen (BIE) e Méindeg zu Paräis matgedeelt. 2/3 vun de Membere waren dofir, fir dat risegt Evenement ze verleeën. D’Expo sollt eigentlech dëst Joer am Oktober ugoen.
Och Lëtzebuerg wäert jo mat engem Pavillon zu Dubai present sinn.

D’Veranstaltung soll awer weider ënnert dem Numm Expo2020 lafen. An de Vereenegten Arabeschen Emiraten hu sech offiziellen Informatiounen no bis elo iwwer 14.000 Leit mam Coronavirus infizéiert. Fir d’Weltausstellung, déi iwwer 6 Méint leeft, rechent ee mat bis zu 25 Millioune Visiteuren.

Et ass keng Katastroph, datt d’Expo ëm ee Joer verréckelt gëtt, seet d’Kommissärin vum Lëtzebuerger Pavillon op der Expo2020 zu Dubai. Amplaz vum Oktober dëst Joer bis den Abrëll 2021 soll d’Expo elo den éischten Oktober 2021 sinn a bis den 31. Mäerz 2022 daueren. Ma bis den 29. Mee kënnen déi reschtlech Länner, déi net ofgestëmmt hunn, nach hir Stëmm ofginn.

Sécherheet huet Prioritéit, Aarbechte lafe weider

Eent hätt elo Prioritéit gehat, esou d’Maggy Nagel: d’Leit um Site ze schützen, et sinn dat eng 40.000 Aarbechter um Site. Et wier een och fir den Oktober prett gewiescht. Datt d’Expo réischt ee Joer méi spéit opgeet, bréngt mat sech, datt de Pavillon geséchert muss ginn.

Maggy Nagel: “Mir gi lo aneschters vir, well elo kommen aner Problemer op eis duer, wéi mir mussen de Pavillon - eise Site - ofséchere fir déi laang Zäit, wou d’Weltausstellung net opgeet. Mir schaffen zanter zwee Méint awer esou drop virun, esou wéi wa se opgaange wier, a mir wäerten och esou virufueren, well fir eis ass et just ee Report vun engem Joer. Mä wat d’Aarbecht ugeet, leeft déi permanent, well d’Konstruktioun ass zu 70% um Site fäerdeg, do wäerte mir lues a lues, zwar net an deem Rhythmus, wéi mir gewinnt waren, mä duerch d’Konditiounen, déi bestinn, wäerte mir lues a lues d’Konstruktioun fäerdeg maachen, fir datt mir dee Pavillon kënnen ofsécheren an natierlech wäerte mir dann un der Zeenographie an un der Programmatioun heiheem viruschaffen.”

Extrait Maggy Nagel

Nach wéisst ee net, wéi eng Zousazkäschten op d’Länner duerkéimen duerch de reportéierte Lancement. Et géif een awer versichen, alles am Kader vun deem Budget ofzewéckelen, dee virgesi war. 192 Länner maache bei der Expo2020 zu Dubai mat. Den Titel « Expo2020 Dubai » wäert och net geännert ginn, dorobber hätt ee sech am Bureau vun de Weltausstellunge gëeenegt.

Communiqué

Face à l’impact du COVID-19 dans le monde, l’Expo 2020 Dubaï sera reportée d’un an (04.05.2020)

Communiqué par: GIE Luxembourg @ Expo 2020 Dubaï

Le report d’un an de l’Expo 2020 Dubaï, discuté depuis plusieurs semaines, vient d’obtenir le seuil des deux tiers des pays membres du Bureau international des expositions (BIE).

Ce report devra encore être formellement approuvé par le BIE, mais la majorité prévue par l’article 28 de la Convention de Paris de 1928 pour un changement de dates est acquise.

Face à l’évolution de la propagation du COVID-19, ce report s’inscrit dans un souci de protection de la santé publique.
Il s’agit de protéger à la fois la santé des plus de 40.000 ouvriers travaillant sur le site, mais aussi celle des millions de visiteurs attendus.

La prochaine exposition universelle aura donc lieu du 1er octobre 2021 au 31 mars 2022, tout en conservant son nom «Expo 2020 Dubaï».

Selon le GIE Luxembourg @ Expo 2020 Dubaï, ce report permettra non seulement de garantir une meilleure sécurité des travailleurs et des visiteurs, mais aussi de préparer dans de meilleures conditions l’Expo, qui pourra devenir une opportunité unique pour stimuler une relance économique après la crise.

Pour en savoir plus :

Communiqué du BIE : https://www.bie-paris.org/site/fr/actus-annonces/expo-dubai-2020-fr/resolution-en-faveur-du-report-de-l-expo-2020-dubai-seuil-requis-atteint
Communiqué des organisateurs de l’Expo 2020 Dubaï : https://www.expo2020dubai.com/fr/whats-new/expo-stories/bie-announcement

Link: www.expo2020dubai.com

Back to Top
CIM LOGO