The Luxembourg Encouragement for Artists PrizeD'Finaliste vum LEAP-Konschtpräis sti fest

RTL Lëtzebuerg
De Jury huet sech fir d'Suzan Noesen, d'Nina Tomàs, den Duo Baltzer-Bisagno an d'Hisae Ikenaga decidéiert.
© Suzan Noesen

Am September gouf et den Opruff vun de Rotonden un d’Kënschtler, hiren Dossier eranzeschécken fir déi 3. Editioun vum LEAP Präis, dee vun RTL presentéiert gëtt a mat 12.500€ dotéiert ass. De Präis adresséiert sech u Kënschtler, déi e Lien zu Lëtzebuerg an eng innovativ Demarche an der zäitgenëssescher Konscht hunn.

48 Demandë koumen eran a goufe vun engem internationale Jury bewäert: d’Hélène Guénin (Direktrice vum MUMAC zu Nice), d’Gertrud Peters (Kënschtleresch Leedung bei KIT zu Düsseldorf), den Alexandre Bohn (Direkter vum FRAC zu Poitou-Charentes), de Patrick Majerus (Lëtzebuerger Konschtsammler) an de Frank-Thorsten Moll (Direkter vum IKOB zu Eupen).

Déi 4 Finaliste vun der 3. Editioun vum LEAP Präis sinn also: d’Suzan Noesen, d’Hisae Ikenaga, d’Nina Tomàs an den Duo Baltzer&Bisagno.

D’Kënschtler weisen hir Wierker an enger kollektiver Ausstellung tëscht dem 27. Mäerz an dem 19. Abrëll 2020 an de Rotonden. De Gewënner vum LEAP-Präis gëtt um Vernissage den 26. Mäerz vum Jury proklaméiert.
De Laureat/in gëtt spéider och am Gebai vun RTL-Group ausgestallt.

10/12/2019 LEAP-Präis 2020

Communiqué: D'Finaliste vum LEAP Präis no den Deliberatioune vum Jury

Back to Top
CIM LOGO