
D’Band huet sech en Dënschdeg an enger Erklärung bei hire Fans entschëllegt fir d’Enttäuschung, dass ee sech net wéi geplangt wäert gesinn. “Loosst eis amplaz dës Zäit dofir notzen, fir ze traueren, ze heelen, eis Léifste ganz no un eis erunzezéien an all d’Musek an Erënnerunge wäertzeschätzen, déi mir zesummen haten.”
Onkloer ass, ob d’Bandmembere fir d’Grammys e Sonndeg present sinn. Do sollten d’Foo Fighters u sech optrieden, si sinn en plus an allen 3 Kategorien nominéiert.
Den Taylor Hawkins war leschte Freideg dout a sengem Hotelszëmmer an der kolumbianescher Haaptstad Bogotá fonnt ginn, wou d’Band sollt e Concert spillen. D’Doudesursaach ass bis ewell nach net bekannt. Am Blutt vum 50 Joer ale Museker wieren de kolumbianeschen Ermëttler no Drogen a Medikamenter nogewise ginn.
Den Hawkins war zanter 1997 bei de Foo Fighters dobäi. Hie war als Batteur un e puer vun hire gréissten Hits bedeelegt, dorënner “Learn to Fly” an “Best of You”.