
Déi franséisch Sängerin an Dänzerin Guesch Patti ass no laanger Krankheet am Alter vun 80 Joer gestuerwen. Wéi et an engem Schreiwes vun hirem Agent un d'Noriichtenagence AFP heescht, wier si an der Nuecht op e Méindeg gestuerwen.
D'Patricia Porrasse, wéi d'Kënschtlerin mat biergerlechem Numm geheescht huet, huet 1987 a Frankräich an och an anere Länner mat hirem Lidd "Etienne" op sech opmierksam gemaach. Dat virun allem wéinst dem suggestiven Text.