Lëtzebuerger Buchpräis 2024D'Gewënner sti fest, Präis an der Literatur fir der Margret Steckel hir "Mutterrache"
An dräi Kategorië goufen d'Gewënner am Kader vun de Walfer Bicherdeeg en Donneschdeg am Centre Prince Henry ausgezeechent.
De Lëtzebuerger Buchpräis 2024 (Jérôme Jaminet, 14.11.2014)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Aus dräi Kategorien, opgedeelt op fënnef Titele pro Kategorie, huet de Jury misse wielen, nieft dem Prix du public. Bis den 10. November ëm Mëtternuecht konnt hei ofgestëmmt ginn.
Am Jury vum Lëtzebuerger Buchpräis 2024 waren d’Florence Sunnen (Autorin), d’Romy Hellinghausen (Bibliothecaire am CNL), de Joe Mathieu (Libraire am Christina’s Bicherbuttik), d’Isabel Spigarelli (Journalistin, Literatur-Kritiker) an den Henri Schoetter (Graphiker, Designer, Illustrateur).
Fir de Prix du Public gouf et dëst Joer eng Rekordzuel un Ofstëmmungen. An de Kategorien Sachbuch a Kannerbuch ware sech Jury a Public eens an hunn “Luxemburg war nie eine Kolonialmacht” an “Et rabbelt an der Broutgaass” ausgezeechent. An der Kategorie Literatur ass de Prix du Public dogéint u “Béischten” vum Jemp Schuster gaangen. Den Designpräis geet iwwerdeems un d’Kollektiv “das BAU” fir hiert Buch “Wild Site” (Point Nemo Publishing).
Gewonnen hunn
Literatur: Mutterrache - Steckel, Margret ; capybarabooks
Sachbuch: Luxemburg war nie eine Kolonialmacht - Schmitz, Yves ; capybarabooks
Kannerbuch: Et rabbelt an der Broutgaass - Orban, Diane & Karels, Myriam ; éditions guy binsfeld
De Lëtzebuerger Buchpräis 2024 (Pedro Venancio, 14.11.2014)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Komplett Lëscht mat den Nominatiounen
Literatur:
- Das Geräusch der Stillleben - Helminger, Guy ; capybarabooks
- Nous sommes celleux qui marchent dans la ville - Pohu, Antoine ; capybarabooks
- Mutterrache - Steckel, Margret ; capybarabooks
- Einfach esou. E Grapp erfonnte Geschichten - Schlechter, Pe’l ; éditions guy binsfeld
- Béischten - Schuster, Jemp; Kremart Editions
Sachbuch:
- Luxemburg war nie eine Kolonialmacht - Schmitz, Yves ; capybarabooks
- Paysages du Fer - Goedert, Jean, Lorang Antoinette & Pagliarini, Luciano ; Editions Klopp
- Confinement Cocktails - Reuter, Françoise & Eischen, Daniel; Op der Lay
- Ma collection de 96 artistes luxembourgois contemporains - Schmitz, Armand ; Editions Schortgen
- Region Müllerthal - 80 Erlebnisorte - Kieffer, Rob ; Editions Ernster
Kannerbuch:
- Verstehen - Kremer, Christiane & Martija Emmanuella J. ; éditions guy binsfeld
- Et rabbelt an der Broutgaass - Orban, Diane & Karels, Myriam ; éditions guy binsfeld
- Gréidi - Mobbing a Frëndschaft um Eisleker Bauerenhaff - Udelhoven, Peter & Leiner, Roger ; Editions Schortgen
- Pantastesch - De Kampf ëm d’Kroun - Kolbet, Gilles & Scholter, Nadine ; Editions Ernster
- De Kaddo - Hoscheit, Jhemp & Martins, Sandra. PersPerktiv Editions
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.