
Wat ass Angscht, wat muss ee wierklech fäerten, a wat ass just Illusioun?
Dorëms geet et an den éischten zwee Grüffelo-Bicher, déi weltwäit en enorme Succès kannt hunn. Kee Wonner, dass d'Spannung am Virfeld grouss war, nodeems bekannt gi war, dass den 12.September 2026 en drëtt Buch iwwer de Grüffelo a seng Famill géif erauskommen. Doduerch erkläert sech och, dass de Projet streng geheim gehale gouf. Keen, deen net direkt involvéiert war, sollt virun der offizieller Publikatioun eppes iwwer den Inhalt vun der neister Grüffelo-Aventure gewuer ginn! D'Martine Schoellen, d'Iwwersetzerin, déi d'Grüffelo Grousi an eis Sprooch iwwerdroen huet, war eng vun den Auserwielten. Eréischt elo, wou d'Buch, nach ganz drockfrësch, an de Bicherbutteker läit op seng grouss a kleng Lieser ze waarden, däerf si doriwwer schwätzen wéi si de Projet erlieft huet:
Martine Schoellen: Wéi mir gewuer goufen, datt en drëtt Grüffelo-Buch an der Maach wier, war d’Freed natierlech riseg. Et war awer och eng wierklech grouss Iwwerraschung, well jo eigentlech koum een domadder gerechent hat, datt dat nach méiglech wier-speziell wann een un dem Axel Scheffler seng Aussoen zu deem Theema denkt.
„D'Grüffelo Grousi“ ass mäin 13. Buch, dat ech vum Julia Donaldson an dem Axel Scheffler iwwersetzen an et ass net déi éischte Kéier, datt eis lëtzebuergesch Versioun mat der Originalversioun zäitgläich erauskënnt. Mee dës Kéier war et awer wierklech besonnesch opreegend a spannend fir mech! Schonn eleng, déi Aart a Weis, wéi MacMillan, den englesche Mammeverlag vum Grüffelo, eis den Titel vum Buch annoncéiert hat, war eenzeg spannend: All Verlagshaiser aus aller Welt, déi de Vertrag ënnerschriwwen haten, goufen zu Frankfurt kuerz virun der Buchmesse invitéiert, fir d’Geschicht vun deem neie Buch virgestallt ze kréien. De ganze Projet war streng geheim, sou datt mir d’Geschicht gréisstendeels ouni Illustratiounen vum Julia Donaldson just virgelies kruten - eis Handyen bloufen wuelgemierkt an der Täsch. Wat d’Iwwersetzeraarbécht u sech och méi extra an deels méi schwiereg gemaach huet, war déi immens Geheimhalung vum Projet- ech konnt mech just mat mengen zwou Lektorinnen a menger Graphikerin iwwert de Projet austauschen, eppes, wat fir mech ganz ongewinnt war, datt ech net emol mat menger Famill konnt doriwwer schwätzen oder hinnen meng Begeeschterung konnt konkret matdeelen. Speziell witzeg war et awer och, well ech am Januar selwer déi grouss Freed hat, Bomi/Grousi ze ginn- mee, et ka kee sech virstellen, wéi frustrant et an deem Kontext war, menger Famill keng Detailer vum „Projet" ze erzielen! Meng Iwwersetzung widmen ech dann och perséinlech mengem Enkel, dee mech jo gedanklech all déi Zäit begleet huet bei menger Iwwersetzeraarbécht. Ech freeë mech lo schonn drop, him „D’Grüffelo Grousi“ méi wéi eng Kéier virzeliesen!
Zanter e puer Méint huet dann och vill ronderëm d’Grousi gedréint, sou gouf zu Bologna am Abrëll wärend der Internationaler Kannerbuchmesse och eng grouss Gruffalo Granny Party zesumme mam Julia, dem Axel, alle bedeelegte Verlagshaiser a mat och deen aneren Iwwersetzer aus aller Welt gefeiert- et huet sech wierklech ugefillt wéi ee grousst Grüffelo-Familljefest!

An der neier Geschicht kënnt d'Grüffelo Grousi op Besuch an natierlech ass si hongereg! Och dës Kéier ass déi kleng Maus nees mat dobäi a si ass ëmmer nach esou schlau a gewëtzt wéi mir se kennen. D'Grüffelo Grousi ass e wonnerbaart Buch iwwer d'Kraaft vun de Geschichten. A jo...d'Grüffelo Grousi huet och nach e Geheimnis...

Pressetext vun den éditions Guy Binsfeld:
Laang schonn ass et hier – 26 Joer fir genau ze sinn –, do huet "De Grüffelo“ déi éischte Kéier d’Welt erbléckst, 5 Joer drop koum dunn "Dem Grüffelo säi Kand“, an elo ass et endlech souwäit, d‘Julia Donaldson an den Axel Scheffler loossen eis een neie Familljemember kenneléieren: d’Groussmammi, oder wéi d’Martine Schoellen se mat ganz vill Léift nennt: "D’Grüffelo Grousi“. D’Lieser begéinen hei gutt bekannte Protagonisten erëm: d’Eil, d’Schlaang, de Fuuss an natierlech déi couragéiert Maus. Sidd gespaant op dës nei Aventure! Kënnt den 12. September eraus!
"D'Grüffelo Grousi"
Julia Donaldson (Text)
Axel Scheffler (illustratiounen)
Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Martine Schoellen
Erauskomm bei den éditions Guy Binsfeld
ISBN 978-2-919822-44-7
32 Säiten
18€