Am CAPE zu Ettelbréck"Dierf Konscht an düsteren Zäiten nach witzeg sinn?"

RTL Lëtzebuerg
Dat ass eng vun de Froen, déi d'Kënschtlerin Tessy Bauer an hirer Ausstellung "JUBEL" am CAPE zu Ettelbréck thematiséiert.
© François Zuidberg

D’Tessy Bauer ass 1981 zu Lëtzebuerg gebuer an ass, no hire Grafikdesign-Studien am Lycée technique des Arts et Métiers, op Bréissel geplënnert, wou si un der renomméierter “ENSAV La Cambre” hir Studie weidergemaach huet. Wärend hire Studien huet déi belsch Haaptstad et hir immens ugedoen, sou dass si och no hiren Etuden do bliwwen ass a vu Bréissel aus schafft.

Hir Connectioun mat Lëtzebuerg fleegt d’Tessy Bauer awer nach ëmmer, ënner anerem mat reegelméissegen Ausstellungen. Zu de Rezentsten huet d’"Cherry Pickers"-Ausstellung am Podium an der Stad (2019) gehéiert, bei där si Zeechnungen ausgestallt huet, hir Skulptur “Homard Chéri” déi am Kader vun der CeCil’s Box am Cercle City 2022 gewise gouf, oder och hiren Zeechnungen a Skulpturen, déi am Kader vun der “Art2Cure"-Ausstellung an der BIL ze fanne waren. Ausgangs leschte Mount sinn dunn d’Dieren opgaangen zu hirer neier Ausstellung “JUBEL”, déi den Ament nach am CAPE zu Ettelbréck leeft.

© Tessy Bauer

D’Skulptur - wat der multidisziplinärer Kënschtlerin hir Haaptdisziplin ass - ass extra fir den Ausstellungsraum gemaach ginn. “Wann ech u Skulptur denken, denken ech automatesch un de Raum”, heescht et vum Tessy Bauer am Pressedossier. “Ech gesinn de Raum wéi e Kierper. Et kann een e beaflossen, jee nodeems wat dobanne steet oder mat ëm passéiert. Esou sinn ech och am CAPE virgaangen. Ech hu fir d’éischt de Raum op mech wierke gelooss fir ze verstoen, wéi e genëtzt gëtt a vu wiem.”

© François Zuidberg

Allgemeng setzt si sech vill mat alldeegleche Géigestänn auseneen, esou dann och an dëser Ausstellung. “Mir ass et wichteg mat Elementer ze schaffen, déi ech op der Plaz fannen an déi enk mam Raum verbonne sinn. An dësem Raum ass meng Opmierksamkeet op ee schwaarze Fligel gefall, deen ech aus sengem übleche Kontext rausgeholl hunn andeems ech ëm eng nei Funktioun ginn hunn. De Piano ass nach ëmmer als Museksinstrument erkennbar a steet op engem Podium, mä et kann een net drop spillen.”

D’Ausstellung “JUBEL” kann een nach bis den 19. Mäerz 2024 an de CAPE zu Ettelbréck kucke goen. Méi Informatioune ginn et hei.

Back to Top
CIM LOGO