
Dir wëllt ee vun de Finaliste si vum Luxembourg Song Contest 2026 an et souguer bis an Éisträich op déi grouss ESC-Bün packen? Da sidd Dir genee richteg hei!
D’Aventure Eurovision Song Contest geet och 2026 weider. A wéi heescht et sou schéin: “Aller guten Dinge sind Drei”, vläicht bréngt genee dës Editioun Iech an eisem Land Gléck.
Da mellt Iech elo u fir déi drëtt Editioun vum Luxembourg Song Contest de 24. Januar an der Escher Rockhal. Schéckt eis bis den 21. September Är Kandidatur iwwer eurovision.lu eran!
Artiste mussen:
Song:
D’Auditioune sinn am Oktober 2025 virun enger internationaler Jury. Wie weiderkënnt, dat gëtt um Enn vun deem Mount annoncéiert.
NEI - Inscriptioun op eng Kontaktlëscht bis den 3. August
Déi Museker, déi am Kader vum LSC an ESC nei musikalesch Kontakter knäppe wëllen, bidde mir dëst Joer eng zousätzlech Méiglechkeet, mat Lëtzebuerger Kënschtler souwéi nationalen an internationale Songwriter a Kontakt ze kommen. Dofir kann ee sech op enger Kontaktlëscht aschreiwen, dat bis den 3. August um Hallefnuecht.
Lidder, déi aus dëser flotter Initiativ eraus entstinn, kënne vun de Kënschtler och nach bis den 21. September agereecht ginn. All Artist, deen d’Konditioune erfëllt, ka sech iwwert déi zwee Weeër umellen, mat oder ouni Lidd.