
Diskutéiert gouf wärend Méint iwwert d’Sécherheetsmoossnamen um Set. Den Thomas O’Donnell, Chef vun der Teamster-Gewerkschaft weist sech zouversiichtlech, dass déi strikt Corona-Reegelen d’Crew a Schauspiller géinge schützen.
Gëeenegt huet ee sech ënnert anerem a puncto Standarde fir Corona-Tester. Acteure sollen deemno méi heefeg getest gi wéi Membere vum der Crew, well si wärend den Dréiaarbechte keng Schutzkleeder kënnen droen. Donieft gouf festgehalen, dass jiddereen, dee positiv getest gëtt a a Quarantän muss, awer eng Pai fir 10 Deeg kritt.
Den Accord gouf vun de 5 gréisste Gewerkschafte vun der US-Filmbranchen ënnerschriwwen. Op Säit vun de Film- a Fernseeproduzente goufen d’Verhandlunge vun AMPTP gefouert. Zu dëser Vereenegung ziele grouss Filmstudioe wéi Disney, Paramount, Universal a Warner Brothers, souwéi TV-Chaînen.
Wéinst der Corona-Kris louch d’US-Filmbranche zanter Mëtt Mäerz komplett op Äis. Zanter Enn Juni ass d’Produktioun nees ugelaf, wann och a reduzéiertem Format.
