D’Schauspillerin Julie Kieffer war an de leschte Joren bei villen Produktiounen am Theater oder Film dobäi. Mir hunn di geléiert Theaterpedagogin bei hiren aktuellen Projeten begleet.
Zu Villerupt ass Ufank Mäerz e ganz neie Lieu fir d’Kultur ageweit ginn. Mir waren bei der Inauguratioun vum Kulturzenter L’Arche dobäi.
De Gilbert Trausch, deen 2018 verstuerwen ass, gëllt als ee vun de bedeitendsten Lëtzebuerger Historiker. Den Ament gëtt seng Privatbibliothéik analyséiert an virtuell rekonstruéiert.
An de 90 Sekonnen spillt eis d’Hannah H en Extrait aus hirem Lidd „My happy poems“.
Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.