Podpurri - Mir schwätze KulturD'Kënschtlerin Patricia Lippert

Claudia Kollwelter
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

An der Molerei, Skulptur a Performance ass Si doheem an aus der Lëtzebuerger Konschtwelt net ewech ze denken. Liewen a schaffe mécht Si zu Eppelduerf an zu Berlin. Aktuell stellt d’Kënschtlerin an enger kollektiver Expo vum Hariko zu Buerglënster aus. D’Patricia Lippert huet d’Claudia Kollwelter bei sech heem invitéiert an ënnert anerem iwwert Spätien zu Berlin geschwat, d’Zesummenaarbecht mam Pascale Behrens an en neie Projet vum Kënschtlerkollektiv CUEVA.

An der Molerei, Skulptur a Performance ass Si doheem an aus der Lëtzebuerger Konschtwelt net ewech ze denken.

E Samschdeg um 18h00 huet d’Patricia Lippert iwwregens en Optrëtt zu Buerglënster, an d’Expo “Artists for Hariko” ass nach e Samschdeg a Sonndeg ze gesinn. Méi Informatiounen fannt der hei:

Facebook EventPodpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL Podcasts abonnéieren

Back to Top
CIM LOGO