D’Kultur ass an der Quarantän, d’Kulturhaiser zou, d’Events annuléiert an d’Kënschtler probéieren op eng alternativ Manéier ze schaffen an hire Publikum z’erreechen.
Wéi gëtt zum Beispill elo an de Muséeë geschafft, wéi gesi Fotografen déi ongewinnten Inaktivitéit, wat inspiréiert e Museker a wou kann een en interessante Filmtipp fannen? Alles dat sinn d’Themen, deenen d’Kulturemissioun No Art on Air an der éischter Editioun no der laanger, onfräiwëlleger Paus nogeet.
Sou laang de “Gudde Wëllen”, wou d’Emissioun ëmmer enregistréiert gëtt, zou ass, kënnt de Kultur-Talk aus dem provisoresche Studio, deen d’ganz Ekipp mat vill Fantasie ageriicht huet.
No Art on Air vun elo nees ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL