
Mam Sandra Kim stoung deen zweete Gaaschtoptrëtt um Programm wärend der grousser Finall vum Luxembourg Song Contest 2026. Mat grad emol 13 Joer hat si de Concours Eurovision de la Chanson 1986 fir Belsch zu Bergen an Norwegen gewonnen. Zu Lëtzebuerg stoung si deemno mat hirem legendäre Gewënnersong “J’aime la vie” um Belval op der Bün. Eng richteg Eurovision-Legend deemno, déi fir vill Emotiounen an Nostalgie gesuergt huet.
Virum Sandra Kim stoung dann awer nach ee méi rezenten ESC-Gewënner op der Bün. Den JJ hat d’lescht Joer fir Éisträich mat “Wasted Love” de Eurovision Song Contest 2025 zu Basel gewonnen. Hien hat awer net nëmme säi Gewënnerlidd am Gepäck, mä zousätzlech eng Iwwerraschung a kleng Weltpremière. Dat éisträichesch-philippinnescht Gesangstalent huet fir eng alleréischte Kéier seng nei Single “Shapeshifter” op enger Bün gesongen.
D’Lidd kënnt offiziell eréischt de 6. Februar eraus. Aus deem Grond gëtt et dësen Optrëtt net als Replay.
Fir Stëmmung hunn donieft nach den Hálfdán Helgi Matthíasson an de Matthías Davíð Matthíasson gesuergt. Wiem dës Nimm lo kee Begrëff sinn, da vläicht VÆB. Och den Duo aus Island war 2025 beim ESC zu Basel dobäi mat hirem Lidd “Róa”, mat deem si op déi 25. Plaz koumen.
Nach en Highlight war nach den Optrëtt vun der LSC-Gewënnerin vum leschte Joer. D’Laura Thorn huet hiert fuschneit Lidd “Not on me” presentéiert. Dat war awer net deen eenzegen Optrëtt, zesumme mat de Kanner vu “You Can Sing” gouf et eng e bëssen aner Versioun vu “La poupée monte le son”.
Déi aacht Finaliste stoungen am Laf vum Owend awer och gemeinsam op der Bün an hunn e richtegt Ausname-Lidd vun der Eurovisioun presentéiert: eng nei Versioun vun “Arcade”. De Gewënnersong vum Duncan Laurence aus dem Joer 2019 gehéiert zu de populäerste Lidder vum ESC an dat bis haut.