Wichtege MusekspräisD'Nominatioune vun de Grammy Awards 2022 sinn offiziell raus

RTL Lëtzebuerg
Am Abrëll ass et sou wäit, da ginn d'Grammys verdeelt. Nodeems se jorelaang verréckelt gouf, dierfen d'Kënschtler sech nees op eng Zeremonie freeën.
© AFP Archivbild

U sech sollt déi 64. Editioun vun de Grammy Awards schonn den 31. Januar sinn, ma d’Coronakris huet nees eemol méi e Stréch duerch déi Rechnung gemaach. Och déi traditionell Plaz Los Angeles gouf verluecht, op Las Vegas. Do sollen den 3. Abrëll déi bescht Museker, Songwriter an aner Acteuren a 86 verschiddene Kategorien ausgezeechent ginn.

A Punkto Live-Acts, déi sollen et a sech hunn. Kënschtler wéi den Elton John, Adele, Dua Lipa, Billie Eilish, Doja Cat, SZA, Olivia Rofrigo, BTS a Rihanna wäerten op der Bün performen.

Zanter November 2021 stinn d’Nominéierunge scho fest, dobäi goufe sämtlech Verëffentlechungen tëscht dem 1. September 2020 an dem 30. September 2021 berécksiichtegt. Eng Neierung kënnt nach dobäi: amplaz vun den 8 Nominéierunge pro Kategorie, sinn et bei de Grammys 2022 elo all kéiers 10. Dat gëllt och fir déi wichtegst Kategorien.

Am dacksten nominéiert ass de Jazzmuseker Jon Baptiste. De Bandleader vun “The Late Show With Stephen Colbert” ka sech ënner anerem fir déi “Beschte Single vum Joer” mat “Freedom”, “Beschten Album vum Joer” mat “We Are”, “Bescht traditionell Rhythm & Blues-Virstellung” a fir de “Beschten R&B-Album” Hoffnunge maachen.

Nëmmen de Michael Jackson a Babyface hate méi Nominéierungen an enger Grammy-Nuecht.

Mat 8 Nominéierunge geet den Justin Bieber an d’Course. Hien ass ënner anerem an der Kategorie “Single vum Joer” mat “Peaches” an “Album vum Joer” mat “Justice” nominéiert. Ma och d’Sängerinnen Doja Cat an H.E.R. sinn 8 Mol nominéiert, allebéid fir den “Album vum Joer” an de “Song vum Joer”. Fir dës lescht Kategorie ka sech och déi 19 Joer jonk Olivia Rodrigo mat “Drivers License” Hoffnung maachen.

D’Billie Eilish hat zwar schonn d’lescht Joer vill Präisser ofgestëbst, ass awer och dëst Joer nees 7 Mol nominéiert. A fir eng alleréischte Kéier geet déi schwedesch Popband ABBA fir e Grammy mat an d’Course. Si si mam Titel “I Still Have Faith in You“ an der Kategorie “Single vum Joer” nominéiert.

Déi komplett Lëscht mat den Nominéierunge fënnt een um Site vun de Grammy Awards.

Back to Top
CIM LOGO