Expo am NaturmuséeD'Nuetsliewen an all senge Facette kenneléieren

RTL Lëtzebuerg
D'Nuecht ass ee Phänomen mat groussem Afloss op de Mënsch an d'Natur. Wärend déi eng sech schlofe leeën, ginn déi aner waakreg an aktiv.
D'Nuetsliewen an all senge Facettë kenneléieren
D'Nuecht ass ee Phänomen mat groussem Afloss op de Mënsch an d'Natur. Wärend déi eng sech schlofe leeën, ginn déi aner waakreg an aktiv.

Ma wat genau geschitt an der Zäit vun der Nuecht? Mat senger aktueller Ausstellung "Nuit", luet den Naturmusée de Visiteur dozou an, d'Nuetsliewen an all senge Facetten ze entdecken.
Op der zweeter Etage vum Naturmusée fillt ee sech wéi an eng aner Welt transportéiert. D'Ausstellung "Nuit", déi vum Paräisser Naturmusée konzipéiert gouf, ass e Spadséiergang, deen de Visiteur an déi poetesch a mysteriéis Welt vun der Nuecht andauche léisst.

Op eng interaktiv a spilleresch Aart a Weis, kënne Grouss a Kleng hei déi verschidde Facette vun der Nuecht mat all hire Sënner erfuerschen.

Nach bis de 4. August, kann ee sech d'Expo "Nuit" am Naturmusée ukucken an iwwerdeems och gewuer ginn, wéi genau d'Liichtverschmotzung der Natur ëmmer méi ze schafe mécht.

Back to Top
CIM LOGO