40 Händler an 100.000 PlackenD'Placke-Foire an de Rotonden

RTL Lëtzebuerg
Zwee Mol d'Joer, am Februar an am Hierscht organiséieren d'Rotonden zesumme mam Buttek Face Cachée vu Metz eng Placke-Foire am alen Eisebunns-Schapp.
D'Placke-Foire an de Rotonden
Zwee Mol d’Joer, am Februar an am Hierscht organiséieren d’Rotonden zesumme mam Buttek Face Cachée vu Metz eng Placke-Foire.

Eng 40 Händler, gréisstendeels aus Frankräich an Däitschland, bidden hei gebrauchten awer och nei Disken un.

Wie Placke sammelt, konnt also de ganze Sonndeg an de Rotonden no den Albe sichen, déi nach an der Kollektioun feelen. D’Organisateuren hunn nogerechent a ginn dovunner aus, datt op der Bourse eng 100.000. Disken ugebuede ginn. D’Geschäfter zu Lëtzebuerg lafen ëmmer gutt an d’Händler komme gären an d’Rotonden.

Viru gutt 10 Joer hu Placken hier Renaissance erlieft. Zanter deem ginn d’Venten ëmmer weider an d’Luucht an all déi grouss Bands bréngen hir nei Alben net just op CD oder MP3 eraus ma och op Vinyl. Deen Trend wäert wuel nach eng Zäit unhale mengen d’Händler.

Back to Top
CIM LOGO