
Wéi de Lëtzebuerger Filmfong matdeelt, sinn um Filmfestival dräi Lëtzebuerger Co-Produktioune vertrueden. Et handelt sech ëm de Long-métrage “Dracula”, bei deem ënner anerem “Samsa Film” a “Paul Thiltges Distributions” matgeschafft hunn.
Da packt och de Gewënner vun der Palme d’Or “Un simple accident” et op de Lago Maggiore, dëse gouf vu “Bidibul Productions” co-produzéiert.
Dernieft ass de Fiktiouns-Film “Exil” beim Festival am Schwäizer Tessin vertrueden. Hei huet “Tarantula” matgeschafft.