
“N vun der Welt” heescht déi zweet EP vun der Lëtzebuerger Rapperin Nicool. D’Release dovunner ass an e puer Deeg an d’Musekerin huet bei enger Taass Kaffi mam Claudia Kollwelter ënnert anerem iwwert d’Welt vum Hip-Hop geschwat, iwwert Sujeten déi se impaktéieren an influenzéieren an awer och iwwert hir sozial Oder an d’Parallellen tëscht Musek a Psychotherapie.
“N vun der Welt” heescht déi zweet EP vun der Lëtzebuerger Rapperin Nicool.
Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
